FRANTZ Sheila

Testée: TSHH
Tél.: (+352) 661 199 000
Langues:
Cours: au domicile de la monitrice de bébé-portage, au domicile du client
map

Hallo,

Ech sinn d'Sheila an haaptsächlech Hiewan am Escher Spidol (Gebuertenstatioun, Maternité a Virbereedungscoursen) an ech si säit Kuerzem och fräiberufflech Hiewan.

Ech hunn 3 Kanner, d'Lara (Januar 2018), de Max (Oktober 2020) an den Elias (November 2021).

Mäin éischt Droduch hunn ech mer an der Schwangerschaft vum Lara kaf an zënter hier sinn der vill dobäi komm. Ech droen also zënter 2018 bal alldeeglech am Droduch.

D'Droen huet mer d'Fräiheet ginn meng Kanner no bei mir ze hunn an dobai 2 fräi Hänn ze behalen.

Ech hunn meng Ausbildung zu Köln bei der TSHH gemaach an säit Dezember 2019 sinn ech zertifiéiert Droberoderin.

Ech géing mech freeën Iech d'Droen méi no ze bréngen.

Léif Gréiss,

Sheila