LAGE Marta

Certifié: Trageschule ClauWi ®
Tél.: 621 708 570
Langues:
Cours: Initiativ Liewensufank
Adresse: 108, route d’Esch
L-4450 Belvaux
Adresse: 20, rue de Contern
L-5955 Itzig
map

Moien, ech sin d’Marta Lage, 1984 gebuer, bestued an Mamm vun 2 wonnerbaren Meedercher.

Seit 2015 schaffen ech an divers Servicer vun der Initiativ Liewensufank asbl. Ech sin begeeschtert diplomeiert Erzéierin, Doula, zertifizeiert EISL Stëllberoderin, Certified Infant massage Instructor (IAIM) an zertifizeiert Clau-Wi Droberoderin.

Ehrenamtlech sin ech bei der La Leche League Luxembourg asbl engageiert an hëllefen och nach gelegentlech bei aaner Organisatiounen.

Droen hun ech mat mengem 1. Kand entdeckt. E puer Wochen no der Gebuert hun, main Mann an ech, ons 1. Droberodung gebucht. Ëmmer erem konnt ech bei menger Droberoderin uklappen bei Froen an Onsecherheeten. An esou och eng Noberodung buchen fir zB eng Réckbannweis ze leieren.

Dei scheinsten Erennerungen sin mat Secherheet dei gebuergen Momenter wou main Meedchen un der Broscht am Droduch angeschloof as oder wann et gestruewelt huet fir an d’Duch well et iwermidd war an dann beim Knuet bannen sech schon ugekuschelt huet, oder och wann hat duerch d’Stuff an d’Kichen gerannt koum mam Duch am Grapp an « Sling, sling, sling» geruff huet fir mir beim Kachen nozekucken.

Main 2. Kand hun ech esouguer nach mei aktiv gedroen an schon ganz frei um Reck, well esou konnt ech sengen an mengen Bedürfnisser nogoen an glaichzaiteg meng Hänn an Schouss frai hun fir main Grousst.

Haut benotzen Sie hier Drodicher als Schaukel ënnert engem Dësch fir roueg Momenter. Ech selwer benotzen meng Dicher nach fir Massage an Entspannung esouwuel bei Familljenmember an Frënndinnen ewei fir mech selwer.

Droen huet vill Gesichter, Drodicher hun vill Funktiounen, loosst iech iwerraschen an entdeckt dei joerdausend aal Kultur vum Droen fir Aer Famill. Ech begleeden iech gaer derbai.

An hun mech dofier 2017, 2019 & 2021 bei ClauWi Trageschule aus- an weidergebildt.