LEUENBERGER-WAGNER Anouk

Geprüft: Trageschule Hamburg
Tel.: 661 240 684
Sproochen:
Coursen: Am Sall vun der Initiativ Liewensufank zu Grosbous oder zu Itzeg
Adress: Initiativ Liewensufank MaPaKa-Treff (Untergeschoss Schule)
1, rue de Bastogne / L-9154 Grosbous
Adress: Initiativ Liewensufank
20, rue de Contern / L-5955 Itzig
map

Gudde Moien, ech sinn d’Anouk a Mamm vun engem Jong (10/09) an engem Meedchen (06/12).

Wéi ech mam éischte schwanger war an et ëm d’Virbereedungen gaangen ass hunn ech mer ënnert aanerem en Duch zougeluecht. Et war méi eng spontan Iddi wëll ech dat esou schéin fonnt hunn a geduet hunn dat wier mol heiansdo praktesch. Lues a lues hunn ech awer ëmmer méi héieren a gelies dat Droen nët nëmme praktesch wier mä och kierperlech a psychesch gudd vir hier Entwécklung wier.

An trotzdem sinn ech iwwerrascht ginn wéi vill mir, respetkiv eis d’Droen bruecht huet. Lues a lues hunn ech mech duerch déi verschidde Wéckeltechniken duerchgewuerschtelt. Just d’Droen um Réck war nët sou menges. Do hunn ech eng Droberodung gemaach déi zu engem Schlësselerliefnis ginn ass. Ech si vill méi sëcher ginn an kruet mäi Kand mat de geléierten Kniffer méi straff agebonnen. Ab deem Moment hunn ech mam Gedanken gespillt vir d’Ausbildung zur Droberoderin ze maachen vir aaner Leit mat deem Virus unzestiechen. Am Juni an August 2014 hunn ech zwee Ausbildungsweekender bei der TSHH zu Köln gemaach an sinn mëttlerweil och gepréiften Droberoderin.

Waat also als scheinbar Niewensaach ugefaangen huet ass mëttlerweil zu enger Haaptsaach a mengem Liewe ginn.