AREND Annemarie

Zertifizéiert: Zertifiziert : Trageschule Hamburg
Tel.: (+352) 621 368 428
Sproochen:
Coursen: bei der Droberoderin doheem, beim Client doheem
Adress: 16, rue de Holzem
L-8355 Garnich
map

Moien,

Ech sinn d’Annemarie, Mama vun 2 wonnerbare Kanne, bestuet a liewe mat menger Famill zu Garnech.

Ech sinn Droberoderin, Doula an Hypnobirthing Coach.

Schwanger Fraen a jonk Mamme ganz individuell ze begleeden ass en Häerzensthema fir mech an d’Droe gehéiert do a mengen Aen einfach derzou.

Ech konnt déi vill Virdeeler vum Droe bei mengen eegene Kanner erliewen.

Ech hu mäi Bouf ab Gebuert reegelméisseg gedro a verschiddenen Drohëllefen an och Haut wou hie 4 Joer huet droen ech hien nach sporadesch (virun allem wann e midd oder krank ass).

Speitsdens bei mengem Meedche war d’Droen aus dem Alldag net méi ewech ze denken. Mat zwee klenge Kanner, déi net grad 2 Joer Altersënnerscheed hunn, huet d’Droe mer den Alldag immens erliichtert.

Sou huet sech bei mir eng richteg Passioun fir d’Thema Droen entwéckelt.

Säit dem Summer 2024 sinn ech zertifiéiert Droberoderin vun der Trageschule Hamburg.

Ech hunn e Stock un Drodicher an Drohëllefen opgebaut fir an der Berodung genau déi richteg Drohëllef fir all Mamm/Papp ze fannen.

Déi individuel Berodung kënnen op Wonsch bei mir zu Garnech gemach ginn oder bei den Elteren Doheem.

Gruppe-Kuere bidden ech am Centre LUNATA zu Bartreng un.

Meng Philosophie: vun Ufank un EINFACH, SÉCHER & BEQUEEM droen